Prager Manifest
vun der Beweegung fir d'international Sprooch Esperanto
Mir, d'Mêmberën vun der weltwäiter Beweegung fir d'Verbreedung
vum Esperanto, riichten dëse Manifest un alleguerte Regiirungen, international
Organisatiounen, a Mënschen vu guddem Wëllen, deeklaréieren
eise feste Wellen, fir weider fir déi Ziler ze schaffen, déi hei
ausgedréckt gin, a luede jiddereng eenzel Organisatioun a jiddereen eenzelne
Mënsch an, séch eisem Bestriewen unzeschléissen.
1887 als en Entworf fir eng Hëllefssprooch
fir d'international Kommunikatioun lancéiert, huet séch d'Esperanto
séier zu enger lieweger an nuanceräicher Sprooch entwéckelt
an erfëllt schons zanter méi ewéi engem Jorhonnert d'Fonktioun,
Mënschen iwwert all sproochléch a kulturell Barrièren eweg
matenaner ze verbannen. Andärbaants hun d'Ziler vu sénge Spriecher
nët u Wichtegkeet an Aktualitéit verluer. Weder de weltwäite
Gebräuch vun e puer nationale Sproochen, nach d' Fortschrëtter vun
der Kommunikatiounstechnik, nach d'Entdeckung vun neien Methode vum Sproochënnerriicht
wäerte wouerschéngerléch déijéineg Prinziper
verwierkléchen, déi mir als wiesentléch fir eng gerecht
an effikass Sproochenuerdnung ugesinn.
1. Demokratie
E Sisteem vun der Kommunikatioun, deen e Liewe laang gewësse Mënschen
privilegiéiert, mee vun anere verlanngt, datt se Joren un Ustrengungen
investeiéren, fir e méi héigen Sproochniwwo ze erreechen,
ass grondsätzléch ondemokratësch. Obwuel d'Esperanto, wéi
jiddfereng Sprooch, nët perfekt ass, sou ass et dach jiddferenger Alternativ
an der Sfär vun enger egalitärer weltwäiter Kommunikatoun iwwerleën.
Mir affirrméieren
dat sproochléch Ongläichheet kommunikativ Ongläichheet op
jiddferengem Niwwo no séch zitt, dën internationale mat abegraff.
Mir sin eng Beweegung fir demokratësch
Kommunikatioun.
2. Transnational Edukatioun
Jiddfereng ethnësch Sprooch as mat enger bestëmmter Kultur an Natioun
bzw. Grupp vun Natiounen verbonnen. Zum Beispill léiert e Schüler,
deen Englësch studéiert, eppes iwwert d'Kultur, Geografie an d'Politik
vun den englëschsproochege Länner, virun allem de Vereenegte Staaten
a Grossbritannien. De Schüler, deen Esperanto léiert, get dogéint
eppes iwwer eng Welt ouni Grenzen gewuer, an däer séch jiddferee
Land als Heemécht presentéiert.
Mir affirméieren,
datt d'Edukatioun an irgendenger ethnëscher Sprooch un eng bestëmmten
Weltusiicht gebonnen ass. Mir sin eng Beweegung
fir eng transnational Edukatioun.
3. Pedagogësch Effikassitéit
Nëmmen e klenge Prozentsaz vun deenen, déi eng friem Sprooch léieren,
meeschterën se. Esperanto kann ee esouguer da komplett beherrschen, wann
een ët fir séch selwer léiert. Verschidde Studie berichten
iwwer propedeutësch Effetën fir d'Erléieren vun anere Sproochen.
D'Esperanto gët och als en zentrale Bestanddeel a Coursën, déi
d'Sproochebewosstsin bei Schüler favoriséiere sollen, rekommandéiert.
Mir affirméieren,
datt d'Schwiiregkeet vun ethnësche Sproochen emmer en Hënnernës
fir vill Schüler wäert duerstellen, ofwuel duvunner profitéiere
giffen, eng zweet Sprooch ze kënnen. Mir sin
eng Beweegung fir ën effikasse Sproochenënnerriicht.
4. Méisproochegkeet
D'Esperantogemeinschaft as eng vun deene wéinege weltwäite Sproochkommunautéiten,
däeren hir Spriecher ouni Ekzeptioun zwee- oder méisproocheg sin.
Jiddferee M%ember vun der Kommunautéit huet d'Aufgab op séch geholl,
wéngstens eng friem Sprooch bis zu deem Niwwo ze léieren, wou
en et flëissend schwätze kann. A ville Fäll féiert dat
zu engem Wëssen iwwer an zu enger Léift fir weider Sproochen an
allgemeng zu engem gréissere perséinléchen Horizont.
Mir affirméieren,
datt d'Spriecher vun alle Sproochen, grousser a klenger, eng reell Chance mussen
hun, séch eng zweet Sprooch bis zu engem héigen kommunikativen
Niwwo unzëegnen. Mir sin erzg Beweegung, déi
dofir antrëtt, datt dëi Chance, offréiert gët.
5. Sproochléch Rechter
D'ongläich Machtverdeelung, tëscht de Sproochen ass e Rezept fir eng
konstant sproochléch Onsécherheet, oder direkt sproochléch
Ënnerdréckung, bei enger grousser Partie vun der Weltpopulatioun.
An der Esperantogemeinschaft kommen d'Mêmbëren vu klengen a groussen,
offiziellen an nëtoffizielle Sproochen op engem neutralen Terrain zesummen,
wat engem géigesäitege Wëllen zum Kompromëss ze verdanken
ass. Esou e Gläichgewiicht tëscht sproochléche Rechter a Fliichten
liwwert en Ulass, fir aner Léisungen vun der sproochlécher Ongläichheet
an de sproochléche Konflikter ze entwéckelen an ze bewäerten.
Mir affirmeiéren,
datt déi grouss Machtënnerscheeder tëscht de Sproochen d'Garantien
vun der Gläichbehandlung vun de Mëschen onofängeg vun hirer Sprooch,
sou wéi se an esou villen internationalen Dokumenter ausgedréckt
si gin, ennerhielegen.
6. Sproochléch Diversitéit
Déi national Regiirungen tendéieren dozou, déi grouss Diversitéit
vun de Sproochen an der Welt als eng Barrière fir d'Kommunikatioun an
d'Entwécklung unzegesin. Fir d'Esperantogemeinschaft awer ass d'sproochléch
Diversitéit eng permanent an onverzichtbar Quell vu Räichtum. Folgléch
ass jiddfereng Sprooch, wéi jiddfereng Zort vu Liewewiesen, e Wäert
u séch a wiirdeg, protegéiert an ënnerstëtzt ze gin.
Mir affirméieren,
datt d'Politik vun der Kommunikatioun an der Entwécklung d'Majoritéit
vun de Sproochen an der Welt zum Ausstierwe veruurteelt, wann se nët op
dem Respekt virun, an der ënnerstëtzung vun, alle Sproochen gegrënnt
ass. Mir sin eng Beweegung fir sproochléch
Diversitéit.
7. Mënschléch Emanzipatioun
Jiddfereng Sprooch befreit séng Spriecher an hält se gefangen, andeem
se hinnen d'Fähegkeet gët, ënnert séch ze kommunizéieren,
awer d'Kommunikatioun mat anere verspäert. Geplangt als en universellt
Kommunikatiounsmëttel, as d'Esperanto ee vun deene grousse Projetën
vun der mënschlécher Emanzipatioun, déi fonktionéieren
— e Projet, jiddferengem Mënsch ët ze erméigléchen,
als Individuum un der Gemeinschaft vun der Mënschheet deelzehuelen —
fest verwuerzelt a sénger lokaler kultureller a sproochlécher
Identitéit, mee nët vun hir ageschränkt.
Mir affirméieren,
datt dën ausschliissléche Gebräuch vun nationale Sproochen
onweigerléch Barrièren géint d'Fräiheete vun der Meenungsäusserung,
der Kommunikatioun an der Verrsammlung opriicht. Mir
sin eng Beweegung fir d'mënschléch Emauzipatioun.
Universala Esperanto-Asocio
Nieuwe Binnenweg, 176
3015 BJ Rotterdam, Nederlando
tel. +31-10-4361044
faks. +31-10-4361751
<info@uea.org> Luksemburga Esperanto-Asocio
1, rue de Kehlen
8394 Olm
tel. 30 96 15
<esper_lu@geocities.com>
<http://start.at/lea/>
Enretigis Franko Luin, Don Harlow, Andrej Grigorjevskij,
1996-2003